
Um 9. Spilldag an der Titelgrupp bei den Hären ass nach keng Decisioun ëm d’Plazen an der Coupe d’Europe gefall. Käerjeng, d’Red Boys a Bierchem kämpfen ëm déi 2. an 3. Plaz an der Tabell fir nächst Joer international ze spillen.
Diddeleng - Bierchem 28:30
Eng richteg enk a spannend Partie kruten d’Spectateuren zu Diddeleng ze gesinn. Just an der éischter Halschent hat Bierchem eng kéier fiedere gelooss an Diddeleng konnt sech en Ecart vu 4 Goler erausspillen. Mee dëst huet Bierchem nach kuerz virun der Paus korrigéiert an ass nees bis op 1 Gol erukomm (15:14). No der Paus ass Bierchem da weider ganz gëfteg bliwwen an no 48 Minutten haten se de Match gedréint an du stoung et 22:23. Och dono huet Bierchem weider resistéiert a gewënnt dann och mat 30:28.
Esch - Red Boys 32:30
Béid Ekippen hu sech am Ufank näischt geschenkt mee 5 Minutten virun der Paus huet Esch den Tempo ugezunn an esou sinn déi Escher mat engem Virsprong vu 5 Goler (18:13) an d’Paus gaangen. An den zweeten 30 Minutten hunn d’Red Boys awer nach eng kéier alles investéiert fir den Escher d’Liewen esou schwéier wéi méiglech ze maachen a selwer nach eng Victoire anzeféieren. 8 Minutte viru Schluss haten se dann nach just 1 Gol Réckstand a ware kuerz virdrun de Match ze dréinen. Schlussendlech ass dëst hinnen awer net gelongen an Esch wënnt mat 32:30

Käerjeng - Dikrech 36:27
Schonn direkt am Ufank vum Match konnt sech Käerjeng e Virsprong erausspillen an haten den Dikrecher net vill Chance gelooss. Sou ass et schonn mat engem 21:15 an d’Paus gaangen. Och no der Paus konnt d’Heemekipp de Virsprong weider ausbauen sou dat se den Dikrecher ni eng Chance gelooss hunn.
Käerjeng - Dikrech 22:22
Déi Käerjenger sinn io schonn ganz däitlech Champion a loossen et elo zum Schluss vun der Saison dann och e bësse méi roueg ugoen, gewannen mol eng kéier net a spillen 22:22 géint Dikrech. Bescht Scorerin bei Käerjeng war d’Andreea-Alina Marin mat 10 Goler.
Schëffleng - Museldall 28:23
Am Ufank vum Match konnt Museldall zimlech gutt mathalen a waren no 21 Minutten mat 11:10 a Féierung. Dono huet Schëffleng awer den Tempo ugezunn ass dovu gezunn an esou ass et mat engem 17:12 an d’Paus gaangen. Och no der Paus hunn se dann näischt méi ubrenne gelooss a gewannen mat 28:23.
Diddeleng - Standard 34:15
En net sou spannenden a ganz eesäitege Match kruten d’Spectateuren zu Diddeleng ze gesinn an deem et schonn an der Paus 19:8 stoung. Och no der Paus hunn se hir Féierung weider ausgebaut a gewannen ganz souverän mat 34:15. Bei den Diddelenger waren déi bescht Scorerinnen d’Fiona Carrara mat 8 an Sharon Dickes mat 7 Goler.
LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball