
No 5 Spilldeeg stinn d’Lëtzebuerger op der siwenter Plaz an der Tabell ënner 10 Equippen. Den Tornado huet bis elo zwee Matcher gewonnen an der dräi verluer. Et ass déi éischt Saison datt d’Lëtzebuerger Äishockeyspiller an der zweethéchster Divisioun am Hexagon spillen.