
Den FCD03 huet sech géint eng gutt gestaffelt Defense vu Leideleng an der Ufanksphas schwéier gedinn. No ronn 7 Minutte konnt d’Ekipp vum Bruno Amaral no engem Malentendu vun de Leidelenger mat 1:0 a Féierung goen. An der Suite goufen et vill Dueller, vill Zweekämpf, allerdéngs net all ze vill geféierlech Golchancen. Eng dovu konnt awer de Paulinho no ronn 15 Minutten notzen, fir domat de Score op 2:0 ze stellen. Nom Säitewiessel huet de Lëtzebuerger Champion direkt rëm no fir gespillt a konnt no 19 Sekonnen an der zweeter Hallschent den 3:0 markéieren. Kuerz drop konnt de Paulinho fir de 4:0 suergen. Déi ronn 750 Spectateuren am Centre Sportif René Hartmann hunn dunn an der Suite gesinn, wéi Déifferdeng endgülteg den Deckel op dës Partie drop gemaach huet.
Um Enn verléiert Leideleng 1:9 géint den FCD03 an domadder geet d’Coupe fir déi 4. Kéier hannerteneen op Déifferdeng.