BGL Ligue: 8. SpilldagDéifferdeng klappt d'Jeunesse, Fola feiert Victoire zu Wolz

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend goufe 7 Partië vum 8. Spilldag an der BGL Ligue gespillt.
© Val Wagner

Eng Partie, an zwar Nidderkuer géint Hesper, ass e Mëttwoch jo net gespillt ginn, dat well zu Nidderkuer 3 Spiller positiv op de Coronavirus getest gi sinn. Déi aner Matcher sinn awer alleguerte gespillt ginn an do waren ënnert anerem e puer ganz villverspriechend Dueller dobäi.

Um Pabeier huet ee geduecht, datt de Match tëscht der Jeunesse an Déifferdeng spannend kéint ginn, ma do war fréi e gudden Deel Spannung eraus. No 27 Minutte louch d’Ekipp vum Paolo Amodio schonns mat 3:1 am Avantage an dobäi hate si direkt déi 4 Goler markéiert. Nieft 2 Goler vum Buch an dem Medina hu si och e Selbstgol geschoss. Direkt nom Säitewiessel huet de Buch dunn nach eemol zougeschloen a konnt esou op 4:1 erhéijen. Dat war dann och d’Schlussresultat. Alles aneschters wéi e gelongene Start fir den neie griicheschen Trainer op der Escher Grenz.

De Stater Racing hat dann e Mëttwoch den Owend Rodange op Besuch. Hei goung de Match um Enn mat engem 0:0 op en Enn.

Stroossen hat virun der Lännermatchpaus nees zeréck an d’Spuer fonnt a wollt géint Hueschtert eng weider Victoire feieren. An deementspriechend si si dann och opgetrueden, an der Paus louche si schonns duerch e Selbstgol vum Zilli an e Gol vum Natami mat 2:0 am Avantage. Déi zweet Hallschent war méi ausgeglach. Nodeems Stroossen duerch de Runser mat 3:0 a Féierung gaangen ass, huet Hueschtert nach eemol Gas ginn a si sollten nach bis op 2:3 erukommen. Um Enn gouf et nawell eng verdéngten 3:2-Victoire fir Stroossen, déi domat déi 3. Victoire hannertenee realiséieren.

© Pia Girst-Scheuer

Den ongeschloenen Tabelleleader Diddeleng krut et mam Tabelleleschten vun Ettelbréck ze dinn. De Mario Pokar konnt den F91 dann och an der 22. Minutt a Féierung bréngen. D’Ekipp aus der Forge du Sud war och an der zweeter Hallschent déi besser Ekipp a konnt duerch de Muratovic eng zweet an drëtt Kéier markéieren. Um Enn wanne si souverän mat 3:0 a bleiwe weider un der Tabellespëtzt. Fir d’Etzella ass et iwwerdeems déi 6. Néierlag am 8. Match.

Um Cents gouf et dann eng Partie tëscht zwou Formatiounen, déi net esou gutt an d’Saison gestart sinn. Hamm krut hei Besuch vu Munneref. An et waren d’Gäscht déi e Mëttwoch besser waren, schonns no der éischter Hallschent stoung et 2:0 duerch Goler vu Scanzano a Mendes da Silva. An der zweeter Hallschent konnt keng vu béiden Ekipp méi e Gol markéieren, esou datt Munneref um Enn mar 2:0 gewënnt a sech 3 wichteg Punkte séchert.

D’Union Titus Péiteng steet an der Tabell iwwerraschend wäit ënnen. Éischter hätt ee si méi wäit uewen an der Tabell erwaart, do wou hire Géigner vun e Mëttwoch den Owend, Victoria Rouspert, stoung. Et war e Mëttwoch dann en intressanten a flotte Match, wou Péiteng no 13 Minutten duerch den El Hamzaoui a Féierung gaangen ass. Kuerz virum Enn vum Match konnt de Maah fir d'2:0-Schlussresultat suergen, esou datt Péiteng hir 2. Victoire vun der Saison feiere kann.

© Steven Milbert

E weidere villverspriechende Match gouf zu Wolz gespillt, wou d’Lokalekipp Besuch vun der Escher Fola krut. D’Ekipp vun Esch war vun Ufank un dominant a konnt no 9 Minutte schonns duerch den Diallo a Féierung goen. Den Hadji hat no 37 Minutten op 2:0 erhéicht. D’Fola war och an der zweeter Hallschent déi besser Ekipp, ma och déi Wëlzer hu matgespillt. Wolz huet sech bis zum Schluss net opginn an den Ibrahimovic konnt an der 98. Minutt nach eemol verkierzen, ma méi war dann awer net méi dran, esou datt d’Fola weider un der Spëtzt dru bleift.

Wolz verléiert géint d'Fola
An der BGL Ligue am Futtball war e Mëttwoch den 8. Spilldag.

D’Matcher am Iwwerbléck

Jeunesse Esch - Déifferdeng 03 1:4

0:1 Buch (9'), 1:1 Buch (14', Eegegol), 1:2 Buch (18'), 1:3 Medina (27'), 1:4 Buch (46')

Racing - FC Rodange 0:0

Una Stroossen - US Hueschtert 3:2

1:0 Selbstgol Zilli (6'), 2:0 Natami (45'), 3:0 Runser (55'), 3:1 Sully (56'), 3:2 Lusala (89')

F91 Diddeleng - Etzella Ettelbréck 3:0

1:0 Pokar (22'), 2:0 Muratovic (52'), 3:0 Muratovic (78')

RM Hamm Benfica - US Munneref 0:2

0:1 Scanzano (14'), 0:2 Mendes da Silva (32')

Union Titus Péiteng - Victoria Rouspert 2:0

1:0 El Hamzaoui (13'), 2:0 Maah (90+4')

FC Wolz - Fola Esch 1:2

0:1 Diallo (9'), 2:0 Hadji (37'), 1:2 Ibrahimovic (90+8)

D’Tabell vun der BGL Ligue

Back to Top
CIM LOGO