FuttballDéifferdeng mam Artur Abreu um Wee Richtung Championstitel?

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg rullt de Ball nees an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball. Et war eng Wanterpaus, wéi et se virdru warscheinlech nach ni gouf.
Déifferdeng mam Artur Abreu um Wee Richtung Championstitel?
E Sonndeg rullt de Ball nees an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball. Et war eng Wanterpaus, wéi et se virdru warscheinlech nach ni gouf.

Mat ënner anerem dem Jonathan Schmid, dem Raphael Holzhauser an dem Nabil Dirar sinn international renomméiert Spiller op Lëtzebuerg gewiesselt. Donieft huet awer och een nationale Wiessel fir Schlagzeile gesuergt, nämlech dee vum Artur Abreu vun der Unioun Titus Péiteng bei den FC Déifferdeng 03. Hie selwer erkläert säi Wiessel esou.

“Wéi Déifferdeng mech no deenen 8 Joer zu Péiteng gefrot huet, fir bei si ze wiesselen, war et fir mech séier kloer. Déifferdeng ass mäi Veräin, ech sinn een Déifferdenger Jong. Virdrun hunn ech laang do gespillt. Et ass natierlech och eng grouss Chance, well Déifferdeng vir matspillt an och europäesch vertrueden ass. Dat war fir mech och wichteg.”

Dat grousst Zil beim FCD03 ass et um Enn vun der Saison deen éischte Championstitel zanter der Fusioun am Joer 2003 ze feieren. Den Déifferdenger Trainer Pedro Resende ass frou säi Wonschspiller konnten ënnert Kontrakt ze huelen.

“Den Artur ass ee Spiller, dee mir schonn ëmmer gutt gefall huet. Als Trainer sinn ech also ganz frou, datt hien haut bei eis ass. Hien ass ee Spiller, deen eis ganz vill ka ginn. Net nëmme seng Qualitéit, mee och seng Kenntnisser vum Lëtzebuerger Championnat. Mir ware scho virdru staark, mee mat him hu mir nach méi Optiounen.”

Donieft huet sech den FC Déifferdeng 03 och mam fréiere Spiller vu Sturm Graz an Austria Wien dem Christian Schoissengeyr verstäerkt. Momentan stinn déi Déifferdenger op der 1. Plaz an der Tabell, dat 4 Punkte virum F91 Diddeleng. D’Viraussetzunge fir d’Réckronn schéngen also gutt ze sinn. Trotzdeem wëll een elo mol vu Match zu Match kucken. Dozou den Artur Abreu.

“Déifferdeng wëll scho laang eng Kéier Champion ginn. D’Coupe hu mer scho puer Mol gewonnen. Elo feelt nëmmen nach de Championstitel. Et gëtt natierlech ganz schwéier, mee et wier eng grouss Freed. Net nëmme fir eis, mee och fir déi ganz Stad Déifferdeng. Mir dreemen dovun, mee mir mussen elo alles an der Réckronn ginn, fir dat Zil kënnen ze erreechen.”

Wéi den FC Déifferdeng 03 an d’Réckronn start, gi mer dann e Sonndeg gewuer. Da kréie si et nämlech doheem ëm 16 Auer mam Stater Racing ze dinn.

Back to Top
CIM LOGO