D’Coupe des Dames gëtt vum CSL gewonnen, dat mat enger knapper Avance virum CA Diddeleng. Déi drëtt Plaz war fir d’Fola. Och bei den Hären hat den CSL d’Nues vir. Op de Podium sinn nach d’Fola an den CA Bieles komm.
Souwuel an der Coupe des Hommes, wéi och an der Coupe des Dames beméien d’Veräiner sech, fir zum Schluss vun der Saison an alle Kategorien an Disziplinne beschtméiglech Athleten an Athletinnen am Asaz ze hunn. Et geet hei drëm, fir méiglechst vill Punkten ze sammele fir d’Veräinsgeneralklassement. Do ginn dann dacks fréier Athlete mobiliséiert fir Lächer opzestoppen.
Heiansdo geléngt et dann och, en Joker aus dem Hutt ze zéien. De Francois Graillet, deen den nationale Rekord op den 110 Meter Hecken hält, ech huet sech vum CSL iwwerzeege gelooss, fir mat ze maachen, obschonn hie säi Récktrëtt vum Héichleeschtungssport viru ronn 3 Méint annoncéiert hat.
En aneren CSL-Athlet, de Charel Grethen, huet erfreelecherweis säi Comeback gefeiert, dat no enger mësslongener Qualifikatioun fir d’Olympesch Spiller.
De 1500m-Finalist vun Tokio ass e Sonndeg iwwer 5.000 Meter ugetrueden a mecht sech no enger intensiver Preparatioun op d’Juegd, fir d’Qualifikatioune fir Europa- a Weltmeeschterschaften ze erreechen. Och d’Gebridder Henz si voll motivéiert fir d’Zukunft. De Victor ass iwwer 800 Meter gestart. De Vivien huet a leschter Zäit stagnéiert, dat duerch Verletzungen a Meenungsverschiddenheete mam amerikaneschen Trainer. Elo start och hien erëm voll duerch.
D’Coupe des Hommes et Dames erméiglecht et, och e Bléck op den Nowuess ze werfen. Mat der Qualifikatioun vun aacht Athleetinnen a véier Athleete fir d’U18-Europameeschterschaft hat d’Lëtzebuerguer Liichtathletik eng Rekordzuel opzeweisen. Dat bescht Resultat koum vum Linda Krombach, mat enger Finall an engem U18 nationale Rekord iwwer 1500 Meter. Allerdéngs huet den Triathlon d’Prioritéit fir dës talentéiert an ambitiéis Athletin. Och do gehéiert déi jonk Athleetin zu de Beschten europawäit.