Déifferdenger HandballDen Nikola Malesevic gëtt neien Trainer vun de Red Boys

RTL Lëtzebuerg
Hien trëtt domadder d'Nofolleg vum Sandor Rac un, deen am Dezember vu sengem Posten demissionéiert hat.
© RTL / Serge Olmo

Wéi de Kommitee vun de Red Boys an engem Schreiwes matdeelt, hätt een d’Decisioun geholl, fir den Nikola Malesevic als Trainer vun der éischter Ekipp vun den Hären ze engagéieren, well ee vu sengem Konzept, fir Handball ze spillen, a vu senger Visioun iwwerzeegt wier. Et hätt ee vollst Vertrauen doran, dass hien d’Ziler vum Veräin erreeche géif.

Den Nikola Malesevic gëtt vum Marc Breser als Assistenztrainer a vum Tom Janin als Trainer vun der Golkippen ënnerstëtzt.

Back to Top
CIM LOGO