Den Tom Habscheid ass deen eenzege Lëtzebuerger zu Tokio um Depart.
Vum 24. August bis den 5. September sinn Paralympics zu Tokio. Mam Tom Habscheid ass deen eenzege Lëtzebuerger mat um Depart, deen en Méindeg an der japanescher Haaptstad ukomm ass. Hien ass mat grousser Motivatioun an Ambitiounen op Tokio gereest.