WM-ZyklusD'FIFA hätt gären een Zwee-Joer-Rhythmus

RTL Lëtzebuerg
D'FIFA huet nach eng Kéier eng Diskussioun doriwwer lancéiert, d'Weltmeeschterschaft all zwee Joer organiséieren ze loossen.
© AFP

“D’Fans wëlle méi wichteg Matcher. A fir d’Futtballspiller wier dëst eng Méiglechkeet, méi dacks ze glänzen”, sot den Entwécklungsdirekter vun der FIFA, den Arsène Wenger, nodeems e Grupp Experte sech am Katar zwee Deeg laang beroden huet. “Et wier jo och kee Probleem, dass mir dëst Joer eng Europameeschterschaft haten an d’nächst Joer eng Weltmeeschterschaft ass.”

De Moment sinn d’WM an d’EM all véier Joer. D’FIFA wéilt awer gären, dass et an Zukunft no all Saison ofwiesselend eng EM an eng WM géif ginn.

Back to Top
CIM LOGO