Futtball-ChampionnatD'Fola feiert zweet Victoire an ass net méi Tabelleleschten

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend war an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball-Championnat den Optakt vum 25. Spilldag.
© Steven Milbert / RTL

D’Fola konnt sech e Freideg den Owend iwwer déi zweet Victoire an dëser Saison freeën. D’Gäscht louchen no 18 Minutten hannen a konnten duerno de Match dréinen, fir um Enn mat 4:2 ze wannen.

Duerch d’Victoire an déi gläichzäiteg Néierlag vu Monnerech géint de Racing steet d’Fola elo net méi op der leschter Tabelleplaz, dës Plaz huet Monnerech iwwerholl.

Déi Monnerecher hate beim 0:4 géint de Racing keng Chance. Si hunn deemno weiderhin 9 Punkten um Kont. D’Fola kënnt elo op 10 Punkten. Den Ofstand op d’Barrageplazen ass fënnef Spilldeeg viru Schluss trotzallem nach grouss. Beetebuerg huet mat engem Match manner 19 Punkten a Rodange och mat engem Match manner 20 Punkten.

E Samschdeg ginn déi weider Partië vum Spilldag gespillt. Hei kéint d’Decisioun ëm de Championstitel falen. Mat enger Victoire wier Déifferdeng den Titel net méi ze huelen.

Back to Top
CIM LOGO