
Nodeems bei den Häre schonn de Carlos Alcaraz an den Novak Djokovic aus dem Turnéier ausgescheet sinn, huet et elo bei den Dammen d’Coco Gauff erwëscht.
D’Gewënnerin vum Turnéier vun zejoert huet sech no enger Partie mat villen individuelle Feeler an der Aachtelsfinall missen dem Emma Navaro geschloe ginn. Dat an dräi Sätz mat 3:6, 6:4 an 3:6.