Der Groussherzogin hiren Engagement fir de paralympesche Sport geet zréck op 1992, op d’Spiller vu Barcelona.
D’paralympesch Spiller vu Paräis, waren an allen Hisiichten en Erfolleg. D’Stadie ware vu moies bis owes voll an dat an enger formidaabler a positiver Ambiance an d’Medie ware weltwäit um Rendez-vous. D’Chance si grouss, dass de Bléck op d’Behënnerung, sech fir deen een oder anere geännert huet.
Déi Verantwortlech vum paralympesche Sport zu Lëtzebuerg an d’Grande-Duchesse, déi de Patronage vum Kommitee huet, géinge sech freeën, wann den Impakt vun de Spiller, sech och hei bemierkbar géif maachen. Zanter Jore kämpfe si fir d’Gläichstellung vum Behënnertesport.
Wärend de vergaange Joren goung et mat klénge Schrëtt no vir, vläicht gi se elo méi grouss.
*Den Interview gouf am Virfeld vun der Competitioun vum Tom Habscheid opgeholl.
LINK: Klickt hei, fir op de ganze Paralympics-Dossier ze kommen.