
Déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet e Freideg matgedeelt, datt 9 Veräiner aus der BGL Ligue d’UEFA-Lizenz géife kréien, fir dann eventuell un den europäesche Couppen deelzehuelen.
D’FLF huet awer och matgedeelt, datt de Progrès Nidderkuer, Diddeleng, Hueschtert a Beetebuerg déi Lizenz an éischter Instanz net kruten. Dës Veräiner kënnen awer nach bannent 7 Deeg géint déi Decisiounen an Appell goen.
D’Fola, Rodange an Hesper, hu fräiwëlleg op d’UEFA Lizenz verzicht.
De Progrès ass dovun iwwerzeegt, an der zweeter Instanz d’UEFA-Lizenz ze kréien. Zu Nidderkuer hätt de Veräin den Auditeur gewiesselt. Dowéinst wier et net méiglech gewiescht, mat Zäiten ofzeginn.
De Fall ass zu Diddeleng änlech. Den Auditeur gouf beim F91 zwar net gewiesselt, mee dëse krut Piècen ze spéit. Läscht Joer war de Veräin an deem nämmlechte Fall a krut nom Appell d’Lizenz fir un den europäesche Couppen deelzehuelen.