
D'Saison 2026/27 start mat engem speziellen Event, der zweeter Editioun vum "Enovos League Ladies Open", deen d'FLBB 2025 an d'Liewe geruff huet fir dem Dammebasket méi Visibilitéit ze bréngen. Déi dräi Matcher vum Championnat an ee Frëndschaftsmatch ginn zu Niederanven an der Hal vum Opsteiger Gréngewald Hueschtert gespillt.
13:30 AB Contern - Sangliers Wolz
16:00 Basket Esch - T71 Diddeleng
18:30 Gréngewald Hueschtert - Musel Pikes

De Champion T71 Diddeleng ass net nëmmen den Titelverdeedeger, mee och de klore Favorit op den Titel 2026/27. D'Ekipp vum Trainer Tom Schumacher huet déi wichtegst Spillerinne gehal an sech mat der Nationalspillerin Laurie Irthum weider verstäerkt. Op déi wäertvollst Spillerin vum Championnat 2025/26, Catherine Mreches, ass weiderhi verlooss. Donieft ass d'Profi-Duo mam Shalonda Winton a Lauren Van Kleunen wuel dat Stäerksten aus der Liga. Fir déi aner Ekippe steet deemno fest, dass ee muss géint de grousse Favorit gewanne wann ee well d'Coupe oder de Championstitel feieren.
D'Fro ass, wéi eng Ekippen sech am Laf vun der Saison als eeschthafte Géigner vun Diddeleng kënnen an de Vierdergrond spillen. Als éischt kennt do de Finalist AB Contern a Fro, d'Ekipp konnt sech ënner anerem mam Liz Irthum verstäerkt. D'Esmeralda Skrijelj wëll des Saison eng weider Kéier fir positiv Momenter suergen: „An éischter Linn musse mir als Ekipp funktionéieren, den Ekippegeescht war lescht Joer exzellent an esou muss et och an der neier Saison si fir uewe matzespillen. Bei eis an der Ekipp kann a soll jidderee Verantwortung iwwerhuelen, wann dat klappt kënne mir nees staark sinn an et muss een nees mat eis rechnen." Fir d'Nationalspillerin ass Diddeleng de klore Favorit op den Titel: „Si hu verdéngt den Titel 2026 gewonn, d'Ekipp huet vill Qualitéit a kennt sech gutt. Donieft bréngt Diddeleng et fäerdeg all Joer jonk Spillerinne mat anzebauen."
An der Enovos League bei den Damme sinn nëmme 7 Ekippen aktiv, dat nodeems de Coupe-Gewënner Sparta Bartreng seng Ekipp iwwerraschend ofgemellt hat. Des bedeit fir de Spillmodus, dass et genee wéi lescht Saison keen Ofsteiger wäert ginn. All Ekippe spillen dräi mol géintenee bevir et mat den Halleffinallen an der Finall weidergeet. Et wäert interessant gi wéi eng Ekippen no dräi Ronnen op den éischte véier Plazen stinn an d'Halleffinall spillen. Niewent dem AB Contern sinn d'Amicale Steesel an de Basket Esch um Pabeier am stäerksten opgestallt fir Diddeleng e Been ze stellen. D'Musel Pikes, den Opsteiger Gréngewald Hueschtert a Wolz wëllen hir Chance notze fir positiv ze iwwerraschen. Bei Wolz huet mam Tessy Hetting eng wichteg Spillerin e Schlussstréch ënner d'Karriär gezunn. D'Matcher kënnt Dir nees an der RTL Live Arena kucken.