
Diddeleng war vun Ufank un an dësem Match dran an huet sech och auswäerts net nervös maache gelooss. No engem knappen 22:19 am éischte Véierel konnte si virum Téi den Ecart däitlech ausbauen a mat engem Avantage vun 49:35 an d’Paus goen. Den drëtte Véierel konnt d’Heemekipp du ganz knapp 19:18 fir sech entscheeden, ma déi lescht Minutten hunn nees den Diddelengerinne gehéiert, esou datt si zum Schluss kloer mat 15 Punkten Avance mat 88:73 gewanne kënnen.
D’Damme vum T71 sinn domadder déi eenzeg Ekipp am Championnat, déi nach kee Match verluer hunn.