BGL LigueDiddeleng kënnt no Déifferdenger Remis op zwee Punkten erun

RTL Lëtzebuerg
Den Tabelleleader vun Déifferdeng huet mat engem 1:1 zu Monnerech wichteg Punkte leie gelooss.
De Resumé vum Match Racing géint Diddeleng
Diddeleng setzt sech ma 3:0 beim Stater Racing duerch

E Sonndeg war am nationale Futtballchampionnat de 17. Spilldag.

Den F91 Diddeleng behaapt sech hei mat 3:0 beim Stater Racing. Béid Ekippen hate sech ufanks gutt Zäit gelooss an d’Partie roueg ugefaangen. Kee wollt direkt ze vill riskéieren a sou ass de Ball zum gréissten Deel duerch d’Reie vun den Diddelenger gelaf. Op eng Leeschtungssteigerung hunn d’Spectateuren um Verluerekascht an engem schwaache Match laang gewaart. Réischt kuerz virun der Paus koum et sou zu den éischte puer Aktioune virun de Goler. Eng immens onglécklech Aktioun sollt an der 44. Minutt dann awer nach d’Féierung fir de Gaascht bréngen. Den Delvin Skenderovic huet hei e géigneresche Schoss vun der lénker Säit an den eegene Gol deviéiert an dem eegene Golkipp keng Chance gelooss de Ball nach ofzewieren.

Am zweeten Duerchgang huet den F91 Diddeleng richteg opgedréint. An der 50. Minutt war et als éischt den Ismaël Sidibé, deen no engem Corner iwwert Ëmweeër de Ball am Gol ënnerbrénge konnt. Nëmme fënnef Minutte méi spéit war et dann den Herman Moussaki, deen no engem schéine Spillzuch op 3:0 gestallt an d’Partie domat schonn e Stéck wäit decidéiert huet. D’Gäscht vun Diddeleng kruten déi komfortabel Féierung bis zum Schluss iwwert d’Zäit bruecht a séchere sech domat dräi ganz wichteg Punkten an der Course ëm de Championstitel.

Immens wichteg Punkte sinn et fir den F91 Diddeleng duerch en iwwerraschenden 1:1-Remis fir Déifferdeng zu Monnerech. Den Tabelleleader vun Déifferdeng huet sech schonn an der éischter Hallschent net grad einfach gedoen. No nëmme fënnef Minutten haten déi Monnerecher sou schonn zwou gutt Chancen opweises. De Gaascht ass doropshin allerdéngs och zu där eng oder anerer Chance komm.

No enger engagéierter éischter Hallschent ouni Goler huet et nom Säitewiessel dann net laang gedauert bis datt de Ball am Netz louch. Mat engem Kappball war et den Anasse Bekhaled, deen d’Haushären a Féierung brénge konnt. Och nom Gol war Monnerech eng Zäit laang weider déi besser Ekipp um Terrain. Mat der Zäit krute sech déi Déifferdenger dann awer nach eemol gerappt, sou datt de Match sech virun allem nach an der Hallschent vu Monnerech ofgespillt huet. Géint eng gutt Defense ass et laang keen Duerchkomme méi ginn, kuerz viru Schluss war et dann awer den Ulisses Olivieira, deendem Gaascht mat sengem Gol an der 92. Minutt op mannst nach ee Punkt rette konnt. An der Tabell verklengert sech domat de Virsprong op Diddeleng op elo just nach zwee Punkten.

Escher Derby: Nach eng Defaite fir d’Fola / Reportage Franky Hippert

E Sonndeg den Owend konnt sech dann nach zum Ofschloss vum Spilldag d’Jeunesse am Escher Derby um Gaalgebierg mat 1:0 géint d’Fola duerchsetzen. Den decisive Gol huet den Toni Luisi an der 88. Minutt geschoss. Ob d’Escher Fola d’nächst Saison an der ieweschter Divisioun spillt oder sech domat offanne muss, datt et eng Etage méi déif geet, ass zwar nom 17. vun 30 Spilldeeg nach net decidéiert, ma esou gëtt d’Situatioun fir den Tabelleleschten net besser.

Ma och wann d’Fola schonn 12 mol dës Saison als Verléierer vum Terrain gaangen ass, wëll een d’Bengelen net beim d’Tromm geheien a gläichzäiteg och d’Zukunft vum Veräi mat der eegener Jugend virbereeden. D’Fola huet op der leschter Plaz an der Tabell no 17 Spilldeeg 11 Punkten, 7 hannert der Relegatiounsplaz an 9 op déi éischt Net-Ofstigsplaz. Den nächste Sonndeg reest den 8-fache Champion bei den Opsteiger Miersch.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Racing - Diddeleng 0:3
0:1 Skenderovic (44'), 0:2 Sidibé (50'), 0:3 Moussaki (55')

Monnerech - Déifferdeng 1:1
1:0 Bekhaled (48'), 1:1 Oliveira (90+2')

Stroossen - Péiteng 1:0
1:0 Perez (86')

Rouspert - Hesper 1:3
0:1 Holzhauser (11'), 0:2 Holzhauser (63'), 1:2 Neves (81'), 1:3 Lasme (90+3')

Nidderkuer - Schëffleng 4:0
1:0 Mazure (2'), 2:0 Bah (20'), 3:0 Jarmouni (82'), 4:0 Mazure (87')

Wolz - Miersch 0:1
0:1 Fall (25')

Käerjeng - Munneref 2:1
0:1 Abdelkadous (42'), 1:1 Boutrif (72'), 2:1 Boutrif (78')

Fola - Jeunesse (18.30 Auer)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO