Trotz herrlechem Wieder dobaussen, kann et och flott an der Hal sinn. Dovunner sinn 200 jugendlech Spiller iwwerzeegt, déi dëst Joer aus Frankräich, Holland, Däitschland, der Belsch, Éisterräich, Italien, Norwegen, Schweden an Montenegro de Wee op Diddeleng fonnt hunn. Si moosse sech mat Alterskollegen aus hinnen onbekannte Championater, an dat ass ee vun de Reizer vum Diddelenger Turnéier.
D’U17-Ekipp vun Diddeleng huet no enger Victoire géint Nonantola (13:7) an 2 Néierlage géint Grankulla (17:18) an Bevo (8:20) d’Halleffinalle verpasst.
Déi Diddelenger kommen um Enn op déi gutt 6. Plaz. Gewonnen huet Coburg aus Däitschland, nodeems si an der Finall géint Bevo aus Holland gewanne konnten.
