Roland GarrosD’Iga Swiatek wënnt den Titel no Succès géint d’Cori Gauff

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Mëtteg war bei de French Open um Court Philippe-Chatrier zu Paräis d’Finall vun den Dammen.
© AFP

No der dominanter Victoire an der Halleffinall konnt d’Iga Swiatek, déi aktuell Nummer 1 vun der Welt, sech och an der Finall verdéngt mat 6:1 a 6:3 géint d’Coco Gauff duerchsetzen. Fir déi 18 Joer al US-Amerikanerin war et déi éischt Finall bei engem Grand Slam, fir d’Swiatek ass et no 2020 déi zweet Victoire bei de French Open.

Déi 21 Joer al Polin, déi als kloer Favoritin an de Match gaangen ass, huet staark ugefaangen a konnt duerch zwee Breaks direkt op 4:0 setzen. Zwar ass d’Gauff dunn no an no besser ginn, fir de Saz nach ze dréinen ass et awer net méi duergaangen.

Am zweete Saz ass déi jonk US-Amerikanerin direkt mat 2:0 a Féierung gaangen, ma d’Swiatek ass staark zréckkomm an huet mat zwee Breaks nees op 5:2 gesat. D’Gauff konnt zwar dunn nach op 3:5 verkierzen, ma bei eegenem Opschlag huet d’Swiatek sech den Titel net méi huele gelooss.

Domat feiert d’Swiatek no de French Open 2020 den zweeten Titel bei engem Grand Slam. Iwwerdeems bleift si och elo am 35. Match hannerteneen ouni Defaite a stellt doduerch de Rekord vum 21. Joerhonnert an, opgestallt vum Venus Williams am Joer 2000.

Back to Top
CIM LOGO