
Eisen Informatioune no war de Reinhold Breu e Méindeg am Verwaltungsrot vun der FLF, fir d’Analys vun deene leschte Joren ze presentéieren, an duerno Perspektive respektiv Visiounen, fir déi nächst Joren opzezeechnen.
D‘Reunioun soll iwwer zwou Stonne gedauert hunn, mat Froen an Diskussioun sollen et herno am Ganzen ëm déi 3 Stonne gewiescht sinn. Iwwert den Inhalt war näischt gewuer ze ginn.
Et däerf een awer gespaant sinn, a wéi wäit déi Kritikpunkten, déi ëmmer nees iwwert d‘Footballschoul zu Monnerech ze héieren sinn, wéi zum Beispill, de Manktem un der néideger pedagogescher a psychologescher Approche besonnesch bei de jéngsten U-Kaderen an an der Detektioun, den héijen Drop-out op där enger Säit, an dat ze séier Aussortéiere vu Spiller op där anerer Säit och scho während dem Schouljoer, d’Blessure-Preventioun virum an nom Training, oder och nach de Manktem un Disziplin am Vestiaire, an deene presentéierte Perspektive vum DTN, mat den adequaten Trainer dofir, ugeduecht sinn, verbessert solle ze ginn.
Den nächste Méindeg soll dat Ganzt dann nach emol um Ordre du jour vum Verwaltungsrot vun der FLF stoen.