
Zu Salzburg huet d’Jenny Warling sech bei engem Tournoi un der Schëller blesséiert. Wärend engem Match ass et zu dëser Blessure komm, deen d’Karateka awer nach mat 6:2 gewanne konnt.
Nom Tournoi gouf d’Decisioun geholl, dass d’Jenny Warling, aktuell Nummer 15 an der Weltranglëscht, un der Schëller misst operéiert ginn. Dëst ass mëttlerweil scho passéiert an elo steet eng laang Reha um Programm.
Dëst ass besonnesch batter, well d’Qualifikatioun fir Weltmeeschterschaft, déi d’nächst Joer am November zu Kairo um Programm steet, amgaang ass.