Um Méindeg ass et um Terrain Philippe-Chatrier zu Paräis zu engem richtegen Highlight komm. Schonn am zweeten Tour vum Eenzel am Tennis stounge sech den Novak Djokovic an de Rafael Nadal géigeniwwer, dat am 60. Duell tëscht béide Spiller.
Déi erhoffte Spannung ass allerdéngs fir den Ufank mol net opkomm. Zwee Mol war dem Serb direkt ee Break gelongen an och soss war de gréissten Deel vun de Jeue séier entscheet. Mat engem däitleche 6:1 ass den éischte Saz sou op en Enn gaangen. Och am zweete Saz huet den Novak Djokovic weider d’Muskele spille gelooss a louch da séier mat 4:0 vir. De Rafael Nadal wollt sech dat awer net gefale loossen. Zwee Breaken hannerteneen hunn de Score nees egaliséiert. Um Enn sollt dësen Effort awer net belount ginn, dat well den Novak Djokovic de Match mat 6:4 decidéiere konnt.

LINK: Klickt Iech duerch d’Fotogalerië vun den Olympesche Spiller