
Am Stadion vu Louvain gouf et de Remake vun der Finall 2022 géint Anderlecht. An de Lécker Dammen ass d’Revanche gelongen. Si konnte sech mat 1-0 duerchsetzen. D’Mariam Toloba huet no engem Corner den 1-0 fir d’Rouches geschoss. Bei dem Resultat ass et och bliwwen. D’Laura Miller huet d’Trophëe als Kapitänin entgéintgeholl. Et ass déi 10.Kéier, dass de Standard d’Coupe de Belgique fir sech entscheet huet.
D’Nationalspillerinne Caroline Jorge an Joy Jung waren och am Kader.