Ee Mount no de Special Olympics World Winter GamesD'Lëtzebuerger Athleeten trainéiere fir déi nächst Kompetitiounen

RTL Lëtzebuerg
Ronn ee Mount sinn d'Special Olympics World Winter Games elo hier. Ma d'Lëtzebuerger Athlete si weider fläisseg um trainéieren.
D'Lëtzebuerger Special-Olympics-Athlete trainéiere fir déi nächst Kompetitiounen
Ronn ee Mount sinn d’Special Olympics World Wintergames elo hier. Ma d’Lëtzebuerger Athlete si weider fläisseg um trainéieren.

Beim Schwammtraining an der Piscine vum Rehazenter um Kierchbierg treffe mir d’Danielle Jankowoy an de Marten Ottens. Si kruten en Ziedel mat Uweisunge vun hiren Trainer. Op dësem ass genee definéiert, wéi eng Übunge si solle maachen. Nach dëst Joer steet déi national Schwammkompetitioun, “d’National Games”, un.

“Mein Ziel sind präzise Schläge und ruhig im Wasser bleiben, was nicht gerade einfach ist. Und zügig sein gleichzeitig.”, dorunner wëll de Marten Ottens schaffen. D’Schwammen ass eng vu 14 Sportarten, déi vu Special Olympics Lëtzebuerg ugebuede ginn.

D’Danielle Jankowoy géif gären als Zil fir d’Zukunft eng weider Wantersportaart ausprobéieren: “Ech wollt d’nächst Joer eppes Neies ausprobéieren, dass ech eng Kéier Laanglaf maachen.”

Ee gudde Mount ass et hier, dass d’Special Olympics World Winter Games zu Turin waren. 11 Lëtzebuerger Athleten, dorënner och d’Danielle Jankowoy an de Marten Ottens, waren do am Asaz. Si sinn allen zwee beim Slalom ugetrueden an hu Gold a Sëlwer gewonnen.

“Looss mech gewannen a wann ech net gewanne kann, da looss mech couragéiert si wärend ech et probéieren”. Esou änlech kéint een de Motto vun de Special Olympics op Lëtzebuergesch iwwersetzen. Jiddereen, dee bei de Special Olympics matmécht, kritt eng Medail.

Bei Special Olympics gëtt et och dee sougenannten Divisioning. Dat heescht, et trëtt net jidderee géint jiddereen un, mee d’Sportler ginn no verschiddene Krittären an zwou Phasen a Gruppe vu jeeweils 8 agedeelt. Et ass an där Klasséierung, wou si dann och untrieden.

D’Danielle Jankowoy an de Marten Ottens hunn d’Wanterspiller positiv an Erënnerung behalen. Et wär eng gutt Atmosphär gewiescht, et wär flott gewiescht, Leit aus anere Länner kennenzeléieren an d’Piste wäre gutt ze fuere gewiescht. “Ech fannen et schued, dass et esou séier eriwwer war.”, seet d’Danielle Jankowoy. “Ech wär léiwer nach méi gefuer.”

Och d’Caroline Schambourg huet eng Goldmedail gewonnen. D’Sportlerin treffe mir op engem Beweegungstraining. Et ass eng Stonn Sport mat verschiddene Spiller an Übungen. Den Training gëtt organiséiert mat Schülerinne vun der Privatschoul St. Anne an de Sportler vun der Special-Olympics-Federatioun.

D’Benevolle vu Special Olympics Lëtzebuerg

De Frank Schintgen war ee vun den 11 Benevollen, déi mat op d’World Winter Games waren. Hien engagéiert sech aus Iwwerzeegung: “Et huet mir einfach esou Spaass gemaach, och wat déi vu Léift a vu Freed a vu Spaass eriwwer bréngen. Dat ass sensationell.”

Trotzdeem wär et vill Aarbecht fir d’Benevollen. Et ware laang Deeg wärend de Special Olympics. “Et war op eng Säit stresseg fir eis, well do ganz vill hannendrun ass. Dat gesäit keen. Fir alles ze präparéieren, alles ze organiséieren, dass dat wierklech ee schéine Roulement gëtt. Dass eis Athlete kee Stress hunn. Dass et fir si eng roueg Competitioun gëtt.”, erkläert de Frank Schintgen.

Och am Alldag steet vill un, nieft de villen Trainingen, déi si halen, wäerten elo virum Summer nach dräi grouss Rendez-vouse sinn. Nieft den National Games am Schwammen an am Dëschtennis, geet et fir eng Lëtzebuerger Delegatioun och op d’Landesspiele an Däitschland op Mainz.

Donieft wënscht sech de Frank Schintgen och, dass d’Special Olympics méi bekannt sinn: “Eis Projete sinn, dass mir als Special Olympics mol richteg entdeckt ginn.”

Iwwert Special Olympics

D’Special Olympics goufen 1968 an den USA vum Eunice Kennedy-Shriver, enger Schwëster vum John F Kennedy, gegrënnt. Bei de Special Olympics maache Sportler mat spezifesche Besoine mat. Et ass déi gréisste Sportsbeweegung fir Mënsche mat enger geeschteger Beanträchtegung, déi och vum Olympesche Kommitee unerkannt ass. De Special Olympics no ginn et weltwäit 5 Milliounen esou Athleten aus 174 Länner. D’Zil ass et, duerch de Sport bei den Athleten d’Selbstbewosstsinn, Unerkennung an d’Participatioun an der Gesellschaft ze fërderen.

Back to Top
CIM LOGO