Tina WelterD'Lëtzebuerger Handball-Nationalspillerin am Portrait
D'Tina Welter ass déi éischt Lëtzebuergerin, déi de Sprong an déi 1. däitsch Handball-Bundesliga gepackt huet.
Portrait Tina Welter
Zanter September spillt d’Tina Welter an der éischter däitscher Bundesliga bei Frisch Auf Göppingen.
De leschte Week-end huet hir Ekipp zu Marpingen gewonnen.
Ufanks September ass d’Noriicht komm, datt déi Lëtzebuerger Handball-Nationalspillerin Tina Welter e Kontrakt krut bei Frisch Auf! Göppingen aus der éischter däitscher Bundesliga. Et ass déi éischt Lëtzebuerger Handballspillerin, déi op deem Niveau aktiv ass.
E Kontrakt ze hunn an der 1. Däitscher Bundesliga, domat ass fir d’Tina Welter en Dram an Erfëllung gaangen.
D’Tina Welter ass och ënner den 9 Nominéierte fir d’Sportlerin vum Joer.
De Serge Olmo huet d’Lëtzebuergerin bei engem vun hire Matcher begleet.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.