Kicker-WM zu SaragossaD'Lëtzebuerger Häre gewannen um Enn d'Sëlwermedail

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet d'Nationalekipp vun den Hären d'Finall vun der Weltmeeschterschaft am Kicker gespillt.

Um Wee fir an dës anzezéien, haten déi Lëtzebuerger Kicker-Hären an der Halleffinall den Noper Frankräich eliminéiert.

Am Match ëm den Titel ass et da géint d’USA gaangen, déi am Virfeld als Favoritten op den Titel gegollt hunn. Um Enn gewannen d’USA déi véier Manche vun der Finall dann och mat 10:7, 10:8, 10:2 an 10:8.

Ma um Enn bréngt d’Lëtzebuerger Ekipp ëm de Christophe Dias, Bruno Goncalves, Ricardo Rodrigues, Fabio Ferreira, Michael Correia, Carlos Ribeiro, Leonardo Stammera an de Steve Dias eng wuelverdéngte Sëlwermedail mat heem.

Lëtzebuerg op der Kicker-WM
Den Amarsch vun der Nationalekipp virun der Finall.

Back to Top
CIM LOGO