Virun 3 Wochen huet d’Mara Krombach (16 Joer) en neien nationale Cadettes-Rekord iwwert 3000 Meter an der Liichtathletik opgestallt. Da war zur gläicher Zäit en neie Rekord bei der U20.
D’Groussmamm, d’Rita Krombach, Championne am Schwammen, Tennis, Liichtathletik an Triathlon, huet d’Talent vum Enkelkand fréi entdeckt.
Net nëmmen am Lafen, mä och als Schwëmmerin ass déi jonk Athletin performant. Den internationalen Aquathlon virun engem Mount, eng Kombinatioun tëschent Schwammen a Lafen, huet d’Mara souverän an der Kategorie vun de Seniorinne gewonnen an de Meetingrekord gebrach. Kënnt awer nach d’Passioun vum Vëlofueren derbäi an da si mir beim Triathlon ukomm.
Am Triathlon huet d’Mara Krombach sech an d’Spëtzt vun den europäesche Juniorinnen eropgeschafft. Virun engem hallwe Joer hat dat 16 Joer jonkt Talent eng 3. Plaz beim European Juniorcup erreecht a gouf Junioreuropameeschterin. Den Triathlon ass eng ofwiesslungsräich an trainingsopwendeg Sportaart, well hei net nëmmen an enger Disziplin muss trainéiert ginn, mä gläich an dräi. Et ass och vill Organisatioun an Asaz vum Ëmfeld verlaangt.
D’Mara Krombach ass Schülerin am Sportlycée, eng gutt Léisung fir Sport a Schoul ënnert een Hutt ze kréien.
Dem Mara Krombach seng 2 respektiv 4 Joer méi jonk Schwëstere sinn och an hiren Alterskategorien am Triathlon erfollegräich. Ënnert hinne besteet eng gesond Konkurrenz.
Et kann een der neier Triathlonsaison mat sportlechem Optimismus entgéint kucken.