De 26. Juli hunn d’Olympesch Spiller zu Paräis mat enger imposanter Erëffnungsfeier ugefaangen. Wärend gutt zwou Wochen hunn eng 13.000 Sportler a Sportlerinnen ëm Gold, Sëlwer a Bronze gekämpft. E Sonndeg sinn d’Olympesch Spiller zu Paräis op en Enn gaangen.
Am Mëttelpunkt vun der deels spektakulärer Ofschlosszeremonie, bei där d’Liichtathletin Patrizia van der Weken de Lëtzebuerger Fändel gedroen huet, stoungen déi Dausenden Athleetinnen an Athleeten, déi déi lescht zwou Woche mat hire Leeschtungen an de villen impressionante Stadien um Fouss vum Eiffeltuerm, iwwer Roland Garros bis bei de Park vu Versailles d’Sportfans weltwäit faszinéiert hunn.
Knapp 9.000 Sportlerinnen a Sportler, Betreier a Responsabel ware bei der Ofschlossfeier am Stade de France mat dobäi. Bei den Olympesche Spiller zu Paräis hunn Athleeten aus 205 Nationalen Olympesche Kommiteeen deelgeholl. Ënnert hinnen 13 Sportlerinnen a Sportler aus Lëtzebuerg.
Bei der Ofschlossfeier sinn ënnert anerem Phoenix an e Rapper aus Kambodscha opgetrueden. Um Enn vun der Show huet d’Buergermeeschtesch vu Paräis, Anne Hidalgo, den olympesche Fändel mat de fënnef Réng un d’Karen Bass iwwerreecht - si ass d’Buergermeeschtesch vu Los Angeles, wou 2028 déi nächst Olympesch Spiller organiséiert ginn. D’Hymn vun den USA gouf vun der Sängerin H.E.R gesongen. An och den Hollywood-Schauspiller Tom Cruise hat en Optrëtt. Hien huet sech vum Daach vum Stadion ofgeseelt an huet den olympesche Fändel mat a Richtung USA geholl. Um Strand vu Los Angeles ukomm, hunn d’Red Hot Chili Peppers de Fändel begréisst.
Ganz zum Schluss gouf d’olympesch Hymn gespillt an dat olympescht Feier gouf ausgemaach. Domadder sinn d’Spiller offiziell eriwwer.
E Samschdeg schonn huet de COSL op enger Pressekonferenz de Bilan vun den olympesche Spiller gezunn. De Lëtzebuerger Chef de Mission Raymond Conzemius huet gréisstendeels ee positive Bilan aus Lëtzebuerger Siicht festgehalen, et wieren am Ganze véier Top-20-Placéierunge ginn. De Bilan géif besser ausfale wéi zu Tokio oder Rio.

LINK: Klickt Iech duerch d’Fotogalerië vun den Olympesche Spiller