No Kritik u Sport-FonctionnairenD'Olympesch Sprinterin Timanowskaja aus Belarus ass ënnerwee an den Asyl a Polen

RTL Lëtzebuerg
Televisiounsbiller weisen, wéi Si d'polnesch Ambassade zu Tokio verlooss huet, fir de Fliger ze huelen.
© RTL

De Fall Timanowskaja hat fir Opreegung op den olympesche Spiller gesuergt. Eegenen Aussoen no, sollt Liichtathletin vun de belarusseschen Autoritéite forcéiert ginn, fir fréizäiteg heem ze goen, dat well d’Timanowskaja belarussesch Sport-Fonctionnairen ëffentlech kritiséiert hat. Si selwer seet, datt hier Kritik reng sportlecher Natur war an datt Si ni geduecht hätt , datt et zu engem politesche Skandal kéint ginn.

Den internationalen olympesche Comité huet eng Enquête lancéiert.

© RTL

Back to Top
CIM LOGO