
Beim Saisonsofschloss am Schifléien zu Planica stoung zwar den Anze Lanisek ganz uewen um Träppchen, mee de gréisste Fokus louch um Domen Prevc. Dem Sloween war um leschten Dag e Sprong op 254,5 Meter gelongen, wat awer net duergoung, fir op déi éischt Plaz ze kommen. Säi Landsmann Lanisek hat um Enn 7 Punkte Virsprong. De Podium gouf vum Däitschen Andreas Wellinger komplettéiert. De Gesamtweltcup geet un den Daniel Tschofenig aus Éisträich, viru sengen zwee Landsleit Jan Hörl a Stefan Kraft.