
Déi presuméiert Manipulatioune vum Dopping-Netzwierk ronderëm den Erfurter Sportmedezinner Mark S. hunn neisten Informatiounen no och op der ganz grousser sportlecher Bün stattfonnt.
“Mir hu quasi all Zort un héichkarätege sportleche Kompetitiounen an Evenementer ermëttelt. Et geet vun Olympesche Spiller iwwer Welt- an Europameeschterschafte bis zu nationale Championnater”, dat sot de Kai Gräber, Chef-Enquêteur vum Parquet München e Freideg.
Virun allem am Cyclissem wäre “praktesch all déi grouss Evenementer” betraff: “Tour de France, Giro d’Italia, Tour de Suise a weider Tier duerch verschidde Länner”.
En Donneschdeg hat de Parquet an Däitschland bekannt ginn, datt een Uklo géint de Mark S. a 4 weider Persoune erhuewen hätt.
Am ganze sollen 23 Athleten aus 8 europäesche Länner an d’Doppingpraktike verwéckelt gewiescht sinn.
Ëffentlech war d’Affär duerch eng Razzia bei der Schi-WM zu Seefeld am Februar ginn. Ausgeléist waren d’Ermëttlungen duerch Aussoe vum Éisträicher Johannes Dürr ginn.