Paralympesch SpillerD'Optrëtter vun eise Lëtzebuerger Athleten Tom Habscheid a Katrin Kohl am Stream

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch an e Samschdeg hunn d'Katrin Kohl an den Tom Habscheid hir grouss Optrëtter bei de Paralympics. Béid kënnt Dir bei eis am Stream suivéieren .

Fir d’Katrin Kohl geet et schonn dëse Mëttwoch um 12.07 Auer lass, dat iwwer 100 Meter Rennrollstull. E Samschdegowend ass et dann um Tom Habscheid am Bommstoussen, dat um 20.15 Auer. Falls ee vu béiden eng Medail gewënnt, weise mir och d’Iwwerreechung.

Och d’Ofschlosszeremonie vun de Spiller e Sonndeg um 20.20 Auer kënnt Dir bei eis am Stream kucken.

Klickt hei, fir op dee ganze Paralympics-Dossier ze kommen

Back to Top
CIM LOGO