BundesligaDortmund séchert sech an der Owespartie géint Berlin dräi Punkten

RTL Lëtzebuerg
De BVB klappt d'Hertha mat 2:0. Den däitsche Meeschter Bayern München klappt Bremen mat 3:1. Iwwerdeems ka Schalke weider net gewannen.
© AFP (ARCHIV)

Bayern bleift duerch d’Victoire géint Bremen 1. an der Tabell. Union Berlin setzt sech am ieweschten Drëttel vun der Tabell fest a Mainz ka sech iwwer immens wichteg 3 Punkte géint Freiburg freeën. Bei Schalke schéngt d’Loft eraus ze sinn. D’Knappe verléieren zu Wolfsburg kloer mat 0:5.

An deenen aneren internationale Lige kënnt Chelsea an der Premier League net iwwer een 0:0-Gläich géint Leeds eraus. Den Iwwerbléck vum internationale Futtball op RTL.lu.

Nieft den anere Matcher am internationale Futtball waren och eng sëlleg Lëtzebuerger Futtballer um Samschdeg am Asaz.

25. Spilldag vun der Futtball-Bundesliga

Borussia Dortmund - Hertha BSC Berlin 2:0
1:0 Brandt (54'), 2:0 Moukoko (90+1')

Borussia Dortmund huet seng aktuell gutt Form bestätegt a ka sech och géint Hertha BSC duerchsetzen. Spilleresch war et awer eng zéi Ugeleeënheet fir déi Schwaarz-Giel. D’Ekipp ronderëm den Erling Haaland huet sech immens schwéier gedoen, spilleresch Solutioune géint d’Berliner Defense ze fannen, sou dass et mat engem 0:0 an d’Paus gaangen ass.

Nom Säitewiessel ass Dortmund du quasi aus dem Näischt a Féierung gaangen. De Brand huet sech aus ronn 20 Meter getraut ofzezéien an de Jarstein am Berliner Gol huet bei dësem Schoss guer net gutt ausgesinn, an esou stoung et 1:0 fir de BVB. Nodeems Berlin déi lescht 10 Minutten an Ënnerzuel huet misse spillen, dat no engem haarde Foul vum Derida um Reus, huet de 16-järegen agewiesselte Moukoko an der Nospillzäit fir d’Schlussresultat gesuergt.

Werder Bremen - Bayern München 1:3
0:1 Goretzka (23'), 0:2 Gnabry (35'), 0:3 Lewandowski (67'), 1:3 Füllkrug (86')

Bayern München huet Bremen vun Ufank un ënner Drock gesat an esou war et am Weserstadion nëmmen eng Fro vun der Zäit bis d’Gäscht a Féierung géife goen. An der 23. Minutt huet Bayern dunn de Bann gebrach an ass duerch de Goretzka verdéngt a Féierung gaangen. No engem Schoss op de Potto vum Gnabry huet den Offensivspiller et eng Minutt méi spéit besser gemaach an de Score op 2:0 erhéicht.

Och no der Paus huet sech zu Bremen um Spillverlaf net vill geännert. Bremen ass dem Ball hannendru gelaf an ass duerch dem Lewandowski säin 32. Gol an dëser Saison mat 0:3 an der 67. Minutt a Réckstand geroden. Bremen ass wuel nach den Uschloss gelongen, Füllkrug a Co. musse sech no 90. Minutten awer verdéngt géint Bayern geschloe ginn.

Union Berin - 1. FC Köln 2:1
0:1 Duda (45+2'), 1:1 Kruse (48'), 2:1 Trimmel (67')

Eng intensiv éischt Hallschent hu béid Ekippe gewisen. Union hat banne 5 Minutten duerch de Schlotterbeck an de Musa direkt zwou grouss Chancen, déi den Horn am Kölner Gol awer mat super Reflexer paréiere konnt. An der Suite huet Köln besser an de Match fonnt an hat an der 23. Minutt eng riseg Chance duerch den Özcan. Säi Ball sollt awer vum Luthe paréiert ginn. An der Nospillzäit vun der 1. Hallschent kruten d’Geißböcke dunn een Eelefmeter gepaff. Den Duda huet sech d’Chance net entgoe gelooss an huet Köln mat 1:0 an d’Paus geschoss.

Nom Säitewiessel huet Union direkt an de Match fonnt. An der 47. Minutt war et de Max Kruse, dee per Eelefmeter fir den Ausgläich gesuergt huet. 20 Minutte méi spéit huet den Trimmel de Match mat sengem 1. Gol an der Bundesliga gedréint a sou louch Union mat 2:1 a Féierung. Köln huet mam Jakobs an Duda wuel nach emol alles no vir geworf, fir den Ausgläich sollt et awer net méi duer goen. Union gewënnt mat 2:1 géint Köln.

VFL Wolfsburg - FC Schalke 5:0
1:0 Mustafi (Selbstgol, 31'), 2:0 Weghorst (51'), 3:0 Baku (58'), 4:0 Brekalo (64'), 5:0 Philipp (80')

Schalke hat och zu Wolfsburg keng Chance a muss sech um Enn kloer mat 0:5 zu geschloe ginn. Den Ofstig fir Schalke réckelt domat ëmmer méi no.

Mainz 05 - SC Freiburg 1:0
1:0 Quaison (72')

Mainz gewënnt mat 1:0 géint Freiburg a kann domat dräi immens wichteg Punkten an der Lutte géint den Ofstig feieren. Bei Mainz stoung de Leandro Barreiro vun Ufank un um Terrain.

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO