Lëtzebuerger Futtballer am AuslandKiew wënnt mam Gerson Rodrigues

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 73. Minutt agewiesselt.
© PRESSPHOTO (ARCHIV)

No der 2:0-Victoire iwwer Sorja Luhansk bleift Kiew weider un der Spëtzt vum ukrainesche Championnat.

An der 2. Bundesliga koum Karlsruhe, bei deenen den Dirk Carlson nach ëmmer verletzungsbedéngt gefeelt hat, koum géint Braunschweig net iwwer een 0:0-Remis eraus. Fir Karlsruhe gëtt de Réckstand op eng Opstigsplaz doduerch erëm méi grouss, fir Barunschweig war et ee wichtege Punkt, fir an der 2. Bundesliga ze bleiwen.

An der 1. Liga an der Schwäiz spillt de klore Leader vun de Young Boys Bern 2:2 Remis géint den FC St. Gallen. De Christopher Martins stoung net am Kader vu Bern.

A Griicheland verléiert Kreta ouni de Vahid Selimovic, deen net am Kader war, mat 0:1 géint Aris. Domat steet de Lëtzebuerger mat sengem Veräin weider op enger Ofstigsplaz an der éischter griichescher Divisioun.

Samschdeg

St. Gilloise huet an der 2. Liga an der Belsch mat 2:1 géint RWDM gewonnen. Den Anthony Moris huet an der 17. Minutt missen hannert sech gräifen. Soss huet de Lëtzebuerger Golkipp e gudde Match gewisen an huet säin Deel zur Victoire bäigedroen. Gläichbedeitend mat den 3 Punkten ass och de fréizäitegen Opstig an déi héchste Spillklass an der Belsch.

An der hollännescher 1. Liga huet Sparta Rotterdam am spéiden Owend d’Iwwerhand iwwer Waalwijk behalen. Bei der 2:0-Victoire huet de Mica Pinto ugeschloe gefeelt.

De Standard Léck war um Samschdeg den Owend an der Halleffinall vun der Belscher Coupe am Asaz. De Laurent Jans stoung bei der 1:0-Victoire géint Eupen awer net am Kader vu Léck.

An der 1. Bundesliga ass Mainz géint Freiburg ugetrueden. De Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro stoung an der Startformatioun éier hien den Terrain an der 72. Minutt fir de Stöger huet misse verloossen. Kuerz dorops huet de Quaison den esou wichtege Gol fir Mainz geschoss, sou dass d’Ekipp vum Barreiro mat 1:0 géint Freiburg wanne konnt.

An der 2. Liga a Portugal huet Casa Pia mam agewiesselte Marvin Martins (85') 3:0 géint Vilafranquense gewonnen. Bei de Gäscht ass iwwerdeems den Eric Veiga an der 89. Minutt agewiesselt ginn. De Marvin Martins kann domat dat Lëtzebuergescht Duell fir sech entscheeden.

An der 1. Liga a Moldawien ass dem Sebastien Thill seng Ekipp Sheriff Tiraspol weider net ze schloen. Den Tabellenéischten huet säin Heemmatch géint Floresti kloer mat 6:0 gewonnen. De Lëtzebuerger stoung 90 Minutten um Terrain an huet an der 45. Minutt fir den tëschenzäitlechen 2:0 gesuergt an hat entscheedenden Undeel un der Victoire vu senger Ekipp.

An der 3. Liga an Däitschland ass de Maurice Deville beim 1:1-Gläich vu Saarbrécken géint Dynamo Dresden an der 72. Minutt agewiesselt ginn. Dresden bleift domat 1. an der Tabell, Saarbrécken ass aktuell op der 4. Plaz.

Dem Sebastien Thill säi Brudder Oli Thill stoung bei der 0:1-Néierlag vu Worskla Poltawa géint Dnipro 90 Minutten um Terrain. An der Nospillzäit vun der 1. Hallschent huet de Offensivspiller déi Giel-Kaart vum Arbitter gewise krut.

Freideg

De Vincent Thill souz bei der 1:2-Néierlag vu senger Ekipp Nacional Funchal géint Maritimo an der 1. Liga a Portugal 90 Minutten iwwer op der Bänk. Nacional steet no 23. Spilldeeg mat 21. Punkten op der 14. Plaz an der Tabell. Jee no Ausgang vun deenen anere Matcher kéint d’Ekipp vum Lëtzebuerger och nach op een Ofstigsplaz rutschen.

Back to Top
CIM LOGO