
En Dënschdeg den Owend gouf et den Optakt vum zweetleschte Spilldag an der Champions-League-Gruppephas. Dobäi koum et am wuel spannendste Grupp vun der Kinneksklass, dem Grupp F, zu engem äusserst wichtege Match tëscht dem AC Mailand an der Borussia aus Dortmund. An dësem konnte sech d’Gäscht mat 3:1 bei den Italiener duerchsetzen an domadder den Ticket fir d’Aachtelsfinallen zéien. Am anere Match am Grupp gëtt et kee Gewënner. Newcastle a PSG trenne sech duerch e spéide Gol vun de Paräisser mat engem 1:1.
Am Grupp E ka Lazio Roum sech duerch zwee spéit Goler vum Immobile mat 2:0 géint Celtic Glasgow duerchsetzen. Domadder ass kloer, datt Celtic Glasgow dëse Grupp sécher op der véierter Plaz ofschléisse wäert. Feyenoord Rotterdam muss sech dogéint mat 1:3 géint den Atletico vu Madrid geschloe ginn a sech mat der drëtter Plaz an dësem Grupp zefridde ginn.
Am Grupp G ka Manchester City en 0:2-Réckstand géint Leipzig dréinen an de Match mat 3:2 gewannen. Am anere Match am Grupp kënnen d’Young Boys vu Bern mat 2:0 géint Belgrad gewannen a sech domadder d’Plaz fir d’Europa League sécheren.
Am Grupp H gewënnt Schachtar Donezk mat 1:0 géint de Royal vun Antwerpen. D’Belsch wäerten domadder net an enger europäescher Kompetitioun iwwerwanteren. Barcelona setzt sech iwwerdeems mat 2:1 géint den FC Porto duerch a bugséiert sech domadder op déi éischte Plaz an dësem Grupp.
AC Mailand - Borussia Dortmund 1:3
0:1 Reus (10', Eelefmeter), 1:1 Chukwueze (37'), 1:2 Bynoe-Gittens (59'), 1:3 Adeyemi (69')
De BVB ass mat vill Confiance an dëse Match géint den AC Mailand gaangen. Esou wieren déi Dortmunder bei enger Victoire scho virum leschte Spilldag sécher fir d’Aachtelsfinalle vun der Champions League qualifizéiert gewiescht. De Match huet allerdéngs denkbar schlecht fir déi Däitsch ugefaangen. No fënnef Minutten hat den Arbitter no engem Handspill vum Schlotterbeck op den Eelefmeterpunkt gewisen. Mä de Kobel am Gol vum BVB konnt de Penalty vum Giroud paréieren an Dortmund virum fréie Réckstand retten. An der 10. Minutt gouf et dunn op der anerer Säit en Eelefmeter. Dës Kéier, well de Bynoe-Gittens vum Calabria gefoult gouf. Wat de Giroud op der enger Säit net fäerdeg bruecht huet, ass dem Reus op der anerer Säit dogéint gelongen: Souverän huet den Däitschen den Eelefmeter zum 1:0 fir seng Faarwen am Gol ënnerbruecht. Doropshin hunn d’Dortmunder déi Mailänner ferm an hir eegen Hallschent gedréckt an hunn op Lächer an der géignerescher Defense gelauert. Esou ass de Bynoe-Gittens an der 19. Minutt zu engem weidere gudden Ofschloss komm. Säi Schoss ass allerdéngs knapps iwwert de Gol ewechgeflunn. Am weidere Verlaf vun der éischter Hallschent ass de Match e bëssen ofgeflaacht, mä et sollt net mat engem 1:0 aus Dortmunder Siicht op den Téi goen. Wéi aus dem Näischt ass dem AC Mailand den Ausgläich gelongen. Dëst an der 37. Minutt no enger schéiner Eenzelaktioun vum nigerianeschen Nationalspiller, dem Chukwueze. Mat dësem Tëschestand, mat deem d’Mailänner sécher méi zefridde waren, ewéi d’Spiller vum BVB, goufe béid Formatiounen dunn an d’Paus geschéckt. Dortmund war an der éischter Hallschent wuel déi besser Ekipp, allerdéngs musse sech d’Spiller vum BVB virwerfen, datt si net méi op den zweete Gol gedréckt hunn.
Am Ufank vun der zweeter Hallschent haten d’Spiller vun Dortmund Startschwieregkeeten an et war den AC Mailand deen d’Rudder an der Offensiv an d’Hand geholl huet. Virun allem den Chukwueze an de Calabria konnte sech an den éischten 10 Minutte vun der zweeter Hallschent déi eng oder aner gutt Occasioun fir den AC Mailand erausspillen. Mä dës Kéier sollt d’Dortmund aus dem Näischt zouschloen. An der 59. Minutt konnt de Bynoe-Gittens de Ball um Enn vun enger schéiner Kombinatioun tëscht dem Füllkrug an dem Sabitzer am Gol vu Mailand ënnerbréngen an de Score op 2:1 setzen. Genee 10 Minutte méi spéit konnt den Adeyemi vun engem Feeler vum Maignan am Mailänner Gol profitéieren a mat sengem Schoss op 3:1 erhéijen an dobäi säin éischte perséinleche Gol an dëser Saison markéieren. Dem AC Mailand ass offensiv doropshi wéineg agefall, soudatt Dortmund de Match gemittlech geréiere konnt, ouni d’Gefor ze lafen, sech nach e Géigegol ze fänken. De BVB hätt an der 85. souwéi an der 88. Minutt esouguer nach eng Kéier d’Méiglechkeete gehat, fir duerch de Füllkrug nach e véierte Gol ze schéissen, mä den däitschen Nationalspiller konnt de Ball mam Kapp net cadréieren, respektiv mat sengem Schoss just d’Lat treffen. Um Enn gewënnt Dortmund verdéngt mat 3:1 beim AC Mailand. D’Italiener sinn iwwert wäit Strecke vum Match, obschonns vill wichteg Spiller op Säite vum AC blesséiert sinn, wäit hannert hire Méiglechkeete bliwwen an hu virun eegenem Public eng schwaach Prestatioun gewisen. Dortmund dogéint huet e souveräne Match gespillt a gouf mat enger Victoire an, vill méi wichteg, mam Ticket fir d’Aachtelsfinalle belount.
PSG - Newcastle United 1:1
0:1 Isak (24'), 1:1 Mbappé (90'+8, Eelefmeter)
Lazio Roum - Celtic Glasgow 2:0
1:0 Immobile (82'), 2:0 Immobile (85')
Feyenoord Rotterdam - Atletico Madrid 1:3
0:1 Geertuida (14', Eegegol), 0:2 Hermoso (57'), 1:2 Wieffer (77'), 1:3 Gimenez (81', Eegegol)
Manchester City - RB Leipzig 3:2
0:1 Openda (13'), 0:2 Openda (33'), 1:2 Haaland (54'), 2:2 Foden (70'), 3:2 Alvarez (87')
Youg Boys Bern - Roter Stern Belgrad 2:0
1:0 Nedeljkovic (8', Eegegol), 2:0 Blum (29')
Schachtar Donezk - Royal Antwerpen 1:0
1:0 Matviienko (12')
FC Barcelona - FC Porto 2:1
0:1 Pepe (30'), 1:1 Joao Cancelo (32'), 2:1 Joao Felix (57')
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.