D'Flam ass ausD'Paralympesch Spiller zu Paräis sinn eriwwer

RTL Lëtzebuerg
Aus Lëtzebuerger Siicht huet den Tom Habscheid fir den Héichpunkt gesuergt. Hie bréngt eng Bronzemedail mat zeréck an de Grand-Duché.

D’Paralympics zu Paräis sinn e Sonndeg den Owend no eelef Competitiounsdeeg mat enger grousser Ofschlossfeier op en Enn gaangen.

De President vum Internationale Paralympesche Comité (IPC), Andrew Parsons, huet a senger Ried d’Paralympics zu Paräis als déi spektakuläerst Editioun bezeechent, déi et jee ginn hätt.

Um 21.57 Auer ass déi paralympesch Flam ausgaangen. D’Gold-Gewënnerin am Boccia Aurélie Aubert huet se ausgeblosen.

Dausende Sportlerinnen a Sportler hunn am Stade de France “au revoir” gesot. Si hu sech an hir Leeschtungen aus de leschte Deeg nach emol gefeiert an hu sech dobäi net vum Reen stoppe gelooss.

Ënnert hinne waren och déi zwee Lëtzebuerger Tom Habscheid a Katrin Kohl. Den Tom Habscheid hat e Samschdeg den Owend mam Gewënn vun der Bronzemedail am Bommstousse fir en historesche Moment gesuergt.

Eng 5.800 Sportlerinnen a Sportler, Trainer, Betreier a Responsabel vun den Delegatioune waren am Stadion live bei der Ofschlossfeier dobäi.

Un de Paralympics hu ronn 4.400 Athleetinnen an Athleeten aus knapp 170 Natiounen deelgeholl. Et si 549 Goldmedaile verdeelt ginn, dat waren der am Verglach mat den Olympesche Spiller (329) däitlech méi. Grond sinn déi verschidde Klassifizéierungen. Un der Spëtzt vum Medailespigel stoung um Enn China.

Wärend der Feier gouf et engersäits eng grouss Show, bei där déi sportlech Leeschtunge gewierdegt goufen. Invitéiert waren dofir 24 Kënschtlerinnen a Kënschtler aus der franséischer elektrescher Musekszeen.

Op der anerer Säit huet natierlech och den offiziellen Deel net gefeelt.
De paralympesche Fändel ass u Los Angeles iwwerreecht ginn. Déi 18. Paralympics ginn 2028 an den USA organiséiert. Dës wäerten ënnert dem Motto stoen “Sief bereet fir dat wat kënnt”. Vill Applaus krut de Chef vun der Organisatioun vun den Olympeschen an de Paralympesche Spiller, Tony Estanguet, fir seng emotional Ried wärend der Ofschlossfeier. Bei där war och de franséische President Emmanuel Macron dobäi.

Um Enn vun der Feier huet sech de Stadion an e groussen Dancefloor verwandelt. Ënnert anerem déi franséisch Musek-Legend Jean-Michel Jarre huet opgeluecht. Fir de Schlusspunkt huet de Martin Solveig gesuergt. Et war de leschten Danz vun engem onvergiessleche Sportsummer an der franséischer Haaptstad.

LINK: Klickt hei, fir op de ganze Paralympics-Dossier ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO