Pierrot Feltgen"D'Paralympics sinn d'Kiischt um Kuch"

Tom Flammang
De Pierrot Feltgen ass zanter 47 Joer als Benevole engagéiert.
Pierrot Feltgen bei de Paralympics
“D’Paralympics sinn d’Kiischt um Kuch”

Dat mécht de passionéierte Laangleefer, Sekretär vum Sportjournalisteverband, Zeitungskorrespondent och dëst Joer bei de Paralympics vu Paräis.

De Pierrot Feltgen ass Assistent fir d’Ekipp aus Kolumbien. Eng vun den Aufgaben ass et, fir déi kolumbianesch Sportler zu Paräis ze ënnerstëtzen an de Fändel ze weisen.

D’Olympesch Spiller huet de Pierrot Feltgen als Zuschauer erlieft. Hie schätzt den Impakt vun de Paralympesche Spiller als nach méi grouss an. Sou war fir hien d’Stëmmung am Stade de France bei de Paralympics am Speerwerfen nach emol e Stéck besser, wéi dat virun e puer Wochen de Fall gewiescht wier. D’Fanzone wier gutt besicht an de Public begeeschtert.

Eng grouss Erausfuerderung ass den Transport vun den Athleten. Hei hätt d’Organisatioun gutt Aarbecht geleescht an d’Sportler géife mat Navette gutt op d’Sitte kommen. Och am olympeschen Duerf géif ee wéineg Problemer gesinn an alle Gebaier géif et zum Beispill Lifter ginn an och anescht kéint jiddweree sech gutt deplacéieren. De Metro a seng al Infrastruktur ass allerdéngs net optimal, just déi ganz nei Linn 14 wier eng Alternativ.

De Benevolat gesäit de Pierrot Feltgen als Deel vu sengem Liewen. D’Paralympics sou mat ze erliewen, wier d’Kiischt um Kuch, de Privileeg fir kënne sou no drun ze sinn an dat alles ze gesinn, géif iwwer de Kader vum einfache Volontaire erausgoen.

Pierrot Feltgen: "D'Paralympics sinn d'Kiischt um Kuch"
De Pierrot Feltgen ass zanter 47 Joer als Benevole engagéiert.

Back to Top
CIM LOGO