
Mam Patrizia van der Weken war eng Lëtzebuergerin beim Diamond-League-Meeting zu Chorzow a Polen mat dobäi. D’Lëtzebuergerin huet eng staark Leeschtung iwwer 100 Meter gewisen an ass mat engem Chrono vun 11,03 Sekonnen déi Fënneft ginn.
D’Lëtzebuergerin ass domadder nëmmen dräi Honnertstel iwwert hirem Lëtzebuerger Rekord bliwwen.
Gewonne gouf d’Course vun der Jamaikanerin Tia Clayton an 10,83 Sekonnen. Op der zweet Plaz ass Marie-Josée Ta Lou-Smith (10,83 Sekonnen) vun der Côte d’Ivoire gelaf. An d’US-Amerikanerin Tamari Davis ass mat enger Zäit vun 10,84 Sekonnen déi Drëtt ginn.
Fir d’Lëtzebuergerin van der Weken war et deen drëtte Start an der Diamond League.
Am Stafhéichsprong huet den Armand Duplantis fir déi drëtte Kéier dëst Joer een neie Weltrekord opgestallt. Déi nei Héicht steet elo bei 6,26 Meter.
An de Jakob Ingebrigtsen huet fir en neie Weltrekord iwwer 3.000 Meter gesuergt. Den ale Weltrekord war vum Daniel Komen aus dem Joer 1996.