Och am Basket geet et geschwënn erëm weider. Souwuel bei den Damme wéi och bei den Häre leeft aktuell d'Preparatiounsphas fir d'Reprise vum Championnat.
Do spillen d'Damme vum T71 da bei der Etzella vun Ettelbréck. Bis elo lafen d'Preparatioune ganz gutt an et ass ee frou, kënnen erëm zesummen um Terrain ze stoen. Zemools fir de Kapp ass et wichteg, sech kënnen erëm ze beweegen.