
Beim HC Standard hu sech véier Spiller aus der éischter Ekipp mam Coronavirus infizéiert. Si goufen a Quarantän gesat. D’Partie vum Standard géint d’Red Boys e Samschdeg an d’Partie vum 8. September géint Diddeleng ginn dowéinst op e spéideren Datum verluecht.
Wéi de Veräin e Freideg matgedeelt huet, wäert och de Match zu Käerjeng den 12. September net op deem Datum gespillt ginn.
Um Donneschdeg gouf eng weider Partie ofgesot. Schëffleng géint Diddeleng ka wéinst engem Corona-Fall och net ausgedroe ginn.
