An de leschte Wochen huet et an der Lëtzebuerger Karateswelt ferm rumouert. No der offizieller Kritik vum Jenny Warling gouf mam Raul Cuerva Mora en neien Nationaltrainer presentéiert. De Spuenier war an den Topp 15 vun der Welt. En aneren neie Coach am Grand-Duché huet en nach e bësse besseren individuelle Palmarès opzeweisen. An deen huet de KC Strossen agestallt.
Si hunn allen zwee an der Kategorie ënner 67 Kilo gekämpft, mä de Steve da Costa huet eng olympesch Goldmedail. “Ech sinn dräifachen Europa- a Weltmeeschter an Olympiagewënner am Karate”.
Anescht ewéi de Raul Cuerva Mora , den Nationaltrainer vu Schweden, feelt dem Steven da Costa nach e bëssen un Erfarung als Trainer, mä hien huet net iergendeng olympesch Medail. Hie wier den eenzege franséischen Olympiagewënner, ee vun Dräi weltwäit, an dat wier schonn eppes Besonnesches. All Victoire wier speziell, mä olympescht Gold wier den hellege Graal, esou de Fransous.
De Steven da Costa ass mëttlerweil Papp ginn an de franséische Karateka war seng ganz Karriär ëmmer erëm zu Lëtzebuerg, ënner anerem fir ze trainéieren. “Ech si zu Mont-Saint-Martin opgewuess, dat heescht zwou Minutte vun der Grenz zu Rodange. Ech kenne Lëtzebuerg a Stroossen ass e grousse Club, mat 700 Lizenzéierten an e puer Karateka, déi e gudden Niveau hunn”.
D’Laetitia Ferreira vum VC Strossen kennt de Steven zanter Klengem un an huet him ëmmer erëm proposéiert, fir e Posten ze iwwerhuelen. Den Timing huet awer ni gestëmmt. Dat confirméiert och de Steven da Costa, dee seet, dass hien esou eng Aufgab nëmmen wollt unhuelen, wann alles beienee passt.
De Steven da Costa huet de Challenge zu Stroossen ugeholl, awer nëmmen ënnert der Conditioun, net nëmmen d’Elite, mä och de Nowuess ze trainéieren. Deemno steet den 28 Joer ale Fransous all Dag zu Stroossen um Tatami.