
De Bouschéisser Jeff Henckels kënnt e Freideg als éischte COSL-Athlet an den Asaz. Hien ass als leschten op den Tokio-Express opgesprongen. Fir de Jeff Henckels ginn et seng drëtt Olympesch Summerspiller, no Athen 2004 a London 2012. No senger Blessure zejoert am Ufank vum Confinement hat de 36 Joer ale Bouschéisser am Fong net méi dru gegleeft, nach eng Kéier kënne bei Olympia dobäi ze sinn: “Wéi ech mam Vëlo gefall sinn a mäin Ielebou futti war, konnt ech net schéissen, ech war laang eraus. Ech konnt net. Dunn hunn ech mat méi liichte Béi geschoss.”
An de leschte Méint ass et dunn ëmmer besser gelaf, oder besser gesot geflunn, och wann et bei de Qualifikatiounsméiglechkeeten awer esou just all Kéier net duergaangen ass. Dunn elo Enn Juni koum d’Confirmatioun, datt den Tschad an d’Fiji kee Bouschéisser op Tokio schécken a Lëtzebuerg mam Jeff Henckels krut duerch d’Plaz 33 an der Weltranglëscht, als éischten Tireur vun där Lëscht, deen nach net fir Tokio qualifizéiert war, eng Quoteplaz:
“Wéi d’Emotioune waren, wéi ech et gewuer gi sinn? Si ware gedeelt, well et war nach net offiziell.”
D’Olympesch Spiller zu Tokio sinn duerch de Covid jo schonn ëm ee Joer verréckelt ginn. Laang stounge se esouguer op der Kipp. An enger éischter Phas gouf du festgehalen, datt keng auslännesch Spectateuren an d’Land dierften eran. Lo viru ronn 3 Woche gouf du vun der japanescher Regierung decidéiert, datt och keng lokal Spectateuren an d’Stadie géifen eragelooss ginn. Fir d’Sportler deemno ganz speziell Spiller, däers ass sech och de Jeff Henckels bewosst:
“Et wäert zimmlech roueg ginn, vläicht esouguer traureg, wann een do steet. Et ass schued fir d’Sportler fir d’Ambiance, déi feelt.”
E Freideg de Moien um 6 Auer Lëtzebuerger Zäit, esouguer virun der grousser Ouvertureszeremonie geet et also fir de Jeff Henckels mat der Qualifikatioun scho lass. Fir de Spezialist mam Recurve, dem olympesche Bou, ass villes méiglech. Op engem schlechten Dag kann de Feil emol dohi fléien, wou en net soll, op engem gudden Dag gehéiert de Lëtzebuerger awer zu de beschte Bouschéisser op der Welt. Datt d’Form stëmmt, huet de Jeff Henckels um leschten Olympia-Qualifikatiounstournoi gewisen, op deem hien den 20 Joer ale Lëtzebuerger Rekord ëm 11 Reng verbessert huet.