17 Joer no der Victoire zu ZürichD'Rout Léiwe spillen en Dënschdeg zu Sankt Gallen géint d'Schwäiz

Franky Hippert
Nom rezenten Erfolleg géint Schweden missten d'Lëtzebuerger Futtball-Hären dem Paul Philipp no voll konzentréiert an de Match géint d'Schwäiz goen.
© Val Wagner

No Schweden ass virun der Schwäiz. No der 1:0 Victoire vun der Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp e Samschdeg am Frëndschaftslännermatch am ausverkaafte Stade de Luxembourg géint Schweden, sinn d’Rout Léiwen e Méindeg am spéide Nomëtteg an der Schwäiz gelant. En Dënschdeg spillt d’FLF-Selektioun zu Sankt Gallen géint d’Ekipp vum Nationaltrainer Murat Yakin. Fir d’Lescht hunn d’Lëtzebuerger 2008, also viru 17 Joer an der Schwäiz gespillt ... an deemools duerch Goler vum Jeff Strasser a Fons Leweck 2-1 gewonnen.

Nom Succès lo virun 3 Deeg géint d’Schweden, sinn d’Schwäizer also duebel gewarnt. Ma et wier e Géigner, deen d’Rout Léiwen net dierften ënnerschätzen, erkläert den FLF-President Paul Philipp:

“Et ass jo elo kloer, dass dat eropgespillt gëtt. Ech hunn och schonn haut e puer Déngen aus der Schwäiz krut. Éischtens emol de leschte Match, dat war zu Zürech, wéi mer do gewonnen hunn. Dann eeben elo de Frëndschaftsmatch géint d’Schweden, eent bei d’anert - an dann och eis Ekipp. Et ass schwéier, wann een och no esou enger, wou se awer berechtegterweis gelueft gi sinn, a wou se selwer wëssen, dass se en exzellente Match gemaach hunn, mee da musse se sech erëm alleguer a Fro stellen. Vun der éischter Minutte un, well d’Schwäiz, wann een deenen hire Palmarès déi lescht Jore kuckt, war praktesch op all Europameeschterschaften, op all Weltmeeschterschaften dobäi, och wann een eenzel Spiller kuckt. Duerfir gëtt et vun dohier, fir erëm direkt do unzefänken, wou een am Fong och e Samschdeg ugefaangen huet.”

Den FLF-President Paul Philipp iwwert de Match géint d’Schwäiz

2008, bei der Victoire zu Zürich, war de Paul Philipp och schonn FLF-President. Deemools souz de Guy Hellers als Coach op der Bänk vun de Roude Léiwen.

Viru 17 Joer: Sensatioun am Letzigrund - Lëtzebuerg wënnt géint d'Schwäiz
No Goler vum Jeff Strasser an dem Fons Leweck realiséieren d’Rout Léiwen d’Sensatioun géint d’Ekipp vum deemolege Schwäizer-Trainer Ottmar Hitzfeld.

De Frëndschaftslännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg gëtt en Dënschdegowend ëm 20.45 Auer ugepaff a live op der Tëlee op RTL Zwee an online op RTL.lu an RTL PLAY iwwerdroen.

Back to Top
CIM LOGO