
Am Schi Alpin huet d’Schwäiz e Freideg zu Courchevel d’Teamevent gewonnen. An der Finall huet ee sech géint Éisträich duerchgesat. Am Duell ëm déi drëtte Plaz huet Däitschland sech géint Norwegen duerchgesat.
Éisträich huet sech am Nationscup déi éischt Plaz geséchert. Op déi zweete Plaz kënnt d’Schwäiz an déi drëtte Plaz ass fir Italien.