Olympesch WanterspillerD'Schwäizerin Michelle Gisin gewënnt an der Schi-Kombinatioun

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Donneschdeg géint 4 Auer eiser Zäit ass den éischten Deel vun der Dammen-Schi-Kombinatioun op en Enn gaangen.
© AFP/Dimitar DILKOFF

D’Entscheedung iwwer d’Goldmedail ass am Slalom gefall, deen ëm 7 Auer eiser Zäit lass gaangen ass.

Wéi schonn am Joer 2018 huet d’Schwäizerin Michelle Gisin an der Schi-Kombinatioun bei den Dammen nees d’Goldmedail gewonnen. Och d’Sëlwermedail geet un eng Schwäizerin. D’Wendy Holdener ass 1,05 Sekonnen hannert der Gewënnerin iwwer d’Zillinn gefuer. Op déi drëtt Plaz kënnt d’Italienerin Federica Brignone.

Gutt Aussiichten op eng Medail hat och d’US-Amerikanerin Mikaela Shiffrin. Déi 26 Joer al Sportlerin stoung an der Halbzeit virun der Slalom-Competitioun op der fënnefter Plaz, ass am Slalom dunn awer eliminéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO