Novak Djokovic"Ech wäert léiwer Tournoie verpassen, wéi mech zur Impfung zwéngen ze loossen"

RTL Lëtzebuerg
Den Tennis-Star Novak Djokovic huet sech an engem Interview mat der brittescher BBC kloer zum Thema Corona-Impfung geäussert.
© AFP (Archiv)

Am Januar hat den Novak Djokovic mat den Australian Open den éischte Grand Slam vum Joer verpasst, dat well hien net géint de Coronavirus geimpft ass. No engem Deeglaangen hin an hier hat de Serb um Enn missen aus dem Land ausreesen an huet net dierfe spillen. Statt dem Djokovic huet um Enn säi Kontrahent Rafael Nadal den Tournoi gewonnen. Hien ass domadder deen éischte Spiller vun de groussen Dräi (Djokovic, Nadal, Federer), dee säin 21. Grand-Slam-Titel gewonnen huet.

De Serb huet sech elo an engem Interview mat der BBC zum Thema Corona-Impfung geäussert. “Ech wäert léiwer Tournoie verpassen a Pokaler net gewannen, wéi mech zu enger Impfung zwéngen ze loossen”, sou den Djokovic am Interview. Op d’Fro hin, ob hien och bereet wier, fir d’French Open a Wimbledon ze verpassen, war et d’Äntwert “Jo, dëse Präis sinn ech bereet ze bezuelen.”

Hie wéilt net mat Impfgéigner an een Dëppe gehäit ginn, mä hie wier fir dat fräit Recht, selwer doriwwer bestëmmen ze dierfen, wat a säi Kierper kënnt. An dat wär him méi wichteg, wéi Titelen ze gewannen a Rekorder ze briechen.

Donieft sot den Djokovic der BBC, datt hie weider géing driwwer nodenken, fir sech impfen ze loossen. “Mir all versiche gemeinsam, déi bescht Léisung ze fannen, fir dem Covid een Enn ze setzen”, sou de 34 Joer alen Tennisspiller. Hie géing verstoen, datt global vill versicht géing ginn, fir de Virus an de Grëff ze kréien.

Den Djokovic huet mat der brittescher Chaîne och iwwert säi positive Corona-Test e puer Woche viru senger Rees an Australien geschwat. Dobäi ass hien net konkret drop agaangen, ob dëse gefälscht war. Villméi wär et kee gudden Zoufall gewiescht, kuerz virdru Corona kritt ze hunn. “Kee wëll Corona kréien. Ech huelen dat ganz eescht. Ech hunn et net gär, wann iergendeen denkt, ech hätt dat absichtlech gemaach, fir an Australien reesen ze dierfen.”

Back to Top
CIM LOGO