
Éisträich huet sech d’Goldmedail geséchert. Op déi 2. Plaz ass Slowenien komm. Si haten e Retard vun 8,3 Punkten. Däitschland huet sech ganz knapp virun Norwegen Bronze geséchert. Tëscht béiden Ekippe louchen um Enn nëmmen 0,8 Punkten (44 Zentimeter).