
Am Powerlifting (force athlétique, Kraftdreikampf) konnt d’Lëtzebuerger Athletin Emma Weydert net manner wéi 5 Medaile gewannen, dorënner déi als Vize-Europameeschterin an der Junior-Kategorie ënner 57 Kilogramm.
Dat Resultat koum zustane mat folgende Gewiichter:
142,5kg am Squat (Kniebeuge)
85kg am Bench Press (Bankdrücken)
167,5kg Am Deadlift (Kreuzheben)
Et koum op en Total vun 395 kg.