Olympia - PortraitEng Lëtzebuergerin huet zu Tokio eng Hand mat ugepaakt

Tim Hensgen
D'Alexandra Thill, eng lëtzebuergesch Studentin huet als Iwwersetzerin bei de Summerspiller gehollef, als eng vun de wéinegen auslännesche Benevollen.
Eng Lëtzebuergerin huet zu Tokio eng Hand ugepaakt
Zanter e Sonndeg sinn d’olympesch Spiller zu Tokio Geschicht. Déi leschte Memberen vun der Lëtzebuerger Delegatioun sinn um Méindeg rëm Heem geflunn.

Zanter e Sonndeg sinn d’olympesch Spiller zu Tokio Geschicht. Déi lescht Membere vun der Lëtzebuerger Delegatioun sinn um Méindeg nees Heem geflunn. Fir d’Alexandra Thill geet den Alldag elo erëm weider. Déi lëtzebuergesch Studentin huet als Iwwersetzerin bei de Summerspiller gehollef an dat als eng vu wéinegen auslännesche Benevollen.

No enger Rees 2015 huet d’Lëtzebuergerin decidéiert zu Tokio ze studéieren. Mëttlerweil wunnt si eng hallef Stonn ausserhalb vum Zentrum a studéiert am drëtte Joer “International Relations” op der Waseda University. A well d’Alexandra als Studentin zu Tokio lieft, konnt si och als Auslännerin als Benevole bei den olympesche Spiller matmaachen. Virun allem bei Matcher vu franséischsproochegen Ekippen huet si der Press bei den Iwwersetzunge gehollef.

“Et ass eppes ganz aneres wéi Doheem ze sëtzen an einfach Tëlee ze kucken. Et ass wierklech flott, well mir och mat de Sportler kënnen a Kontakt sinn. Mir konnten och vill Leit aus Japan kenneléieren, net nëmmen Japaner, mä och Leit, déi hei wunnen, hei schaffen an hei op d’Uni ginn.”, sou d’Alexandra Thill.

Am Olympia-Duerf goufen et nëmme wéineg Coronafäll. Am ganze goufen 278.000 Tester bei den Athleten an der Delegatioun duerchgefouert. Dovunner waren der nëmmen 33 positiv. Déi meescht Fäll si vu lokalen Awunner eragedroe ginn. Bei den Benevolle waren d’Reegelen dann och net grad esou streng ewéi bei den auslänneschen Delegatiounen am olympeschen Duerf.

“Allkéiers wann een do ass, muss een e PCR-Test maachen. Ech si wéinst der Olympiad geimpft ginn, mä dat war net obligatoresch. D’Leit hu sech net missen impfe loossen, fir hire Benevolat ze maachen.”
D’Alexandra Thill huet bis elo ganz flott Erfarunge bei hirem Volontariat gemaach, spiert awer och an hirem Ëmfeld, dass d’olympesch Spiller net bei jidderengem zu Tokio gutt ukommen. Sou wier d’Studentin heiansdo komesch ugekuckt ginn, wa si an hirer Uniform ënnerwee an d’olympescht Duerf war. Et hätt ee gemierkt, dass zemools déi japanesch Awunner net immens frou iwwert d’Olympiad zu Tokio wieren.

Réckbléckend schwätzt d’Alexandra Thill awer vu ganz flotten Erfarungen an huet wëlles bei de Basket-Paralympics eng Hand unzepaken. An och wa si Ham, Salami a Kéis vermësst, mécht si hire Bachelor zu Tokio bis Mäerz 2023 fäerdeg.

© RTL

Back to Top
CIM LOGO