
D’Japaner hu mat 38:19 géint Samoa gewonnen an domat am Grupp A déi 1. Tabelleplaz erreecht. Sollt Japan dës Positioun halen, wiere si fir d’KO-Ronn qualifizéiert.
Qualifizéiere konnt sech iwwerdeems schonns England no dem 39:10-Succès iwwer Argentien. D’Englänner ginn domat als Gewënner vum Grupp C ervir.
Australien konnt sech 45:10 géint Uruguay behaapten a steet duerch dësen Erfolleg och elo kuerz virun de 1/4-Finallen.