
Schweden - Spuenien 2:1
0:1 Soler (5'), 1:1 Isak (8'), 2:1 Claesson (57')
An der quasi Spëtzepartie vun dësem Donneschdeg kruten d’Fans direkt am Ufank eppes gebueden. No 5 Minutte notzt de Soler eng Flank fir den 1:0 ma dräi Minutte méi spéit notzt den Isak en ofgefälschte Ball, fir nees auszegläichen. An den éischte 45 Minutte sollt awer weider kee Gol falen, esou dat et mat engem 1:1 an d’Paus goung. An der 57. Minutt hat de Kulusevski e gutt Aen fir de Claesson an dëse konnt d’Schweden mat 2:1 a Féierung bréngen an huet domadder déi liicht favoriséiert Spuenier e bësse geschockt. D’Spuenier koumen och net méi zeréck an de Match, vun deem si zwar u sech méi haten a puncto Ballbesëtz an Ofschlëss, ma d’Schweden waren einfach méi effektiv an huelen domadder hei dräi Punkte mat.
Georgien - Kosovo 0:1
0:1 Khocholava (18', sg)
Mat dëse Resultater huet Schweden elo d’Féierung an der Grupp iwwerholl, dat mat 9 Punkten aus 3 Matcher. Dohannert kënnt Spuenien (7 Punkten aus 4 Matcher), Kosovo (3 aus 3), Griichenland (2 aus 2) a Georgien (1 aus 4).
Italien - Bulgarien 1:1
1:0 Chiesa (16'), 1:1 Iliev (39')
Litauen - Nordirland 1:4
0:1 Ballard (20'), 0:2 Washington (52',p), 1:2 Baravykas (54'), 1:3 Lavery (67'), 1:4 McNair (81',p)
Italien bleift mat 10 Punkten aus 4 Matcher un der Spëtzt, dat virun der Schwäiz, déi 6 Punkten aus 2 Matcher hunn. Nordirland huet mat 3 Matcher 4 Punkten, Bulgarien mat 4 Matcher der 2 an nach kee Punkt huet Litauen no 3 Asätz.
Tschechien - Belarus 1:0
1:0 Barak (34')
Estland - Belsch 2:5
1:0 Kait (2'), 1:1 Vanaken (22'), 1:2 Lukaku (29'), 1:3 Lukaku (52'), 1:4 Witsel (65'), 1:5 Foket (76'), 2:5 Sorga (83')
D’Belsch (10 Punkten, 4 Matcher) an d’Tschechen (7 Punkten, 4 Matcher) dominéieren aktuell an dëser Grupp. Wales huet 3 Punkten aus 2 Matcher, Belarus 3 aus 3 an Estland nach keen no 3 Spilldeeg.
Ungarn - England 0:4
0:1 Sterling (55'), 0:2 Kane (63'), 0:3 Maguire (69'), 0:4 Rice (87')
D’Favoritten an dësem Match hunn e bëssi gebraucht, bis si an d’Gäng koumen. No engem 0:0 an der Paus hunn d’FEnglänner an der zweeter Hallschent opgedréint. 10 Minutten nom Säitewiessel huet de Sterling eng Virlag vum Mount konnten notzen an no eppes méi wéi enger Stonn huet de Kane mam Kapp nach een dropgeluecht, nodeem hie per Flank vum Sterling gutt an Zeen gesat gouf. Kuerz viru Schluss huet de Rice du souguer nach op 0:4 erhéicht. No enger Pass vum Grealish huet hie sech vu ronn 16 Meter en Häerz geholl an ofgezunn a gouf dofir belount.
Polen - Albanien 4:1
1:0 Lewandowski (13'), 1:1 Cikalleshi (25'), 2:1 Buksa (44'), 3:1 Krychowiak (54'), 4:1 Linetty (89')
Andorra - San Marino 2:0
1:0 Vales (18'), 2:0 Vales (24')
England huet bis ewell hir 4 Matcher gewonnen. Dohannert si Polen an Ungarn mat 7 Punkten aus 4 Matcher, Albanien huet der 6, Andorra 3 a San Marino nach keen.
Island - Rumänien 0:2
0:1 Man (47'), 0:2 Stanciu (84')
Nordmazedonien - Armenien 0:0
Liechtenstein - Däitschland 0:2
0:1 Werner (41'), 0:2 Sané (77')
Däitschland war am éischte Match vum Hansi Flick op der Bänk géint Liechtenstein dominant, dat esouwuel am Ballbesëtz mat ëm déi 80 Prozent, wéi och an de Ofschlëss. An awer hunn d’Topfavoritten an dësem Match, sech schwéier gedoen, fir Goler ze schéissen. Virum 2:0 vum Sané an der 77. Minutt hat d’Mannschaft 26 Mol geschoss an dovunner 8 Mol op de Gol. Virdrun hat just de Werner kuerz virun der Paus den 1:0 markéiert. Et sollt da beim Debut vum neien Trainer bei enger 2:0-Victorie bleiwen, obwuel hei däitlech méi hätt kéinten eraussprangen.
Trotz dem 0:0 bleift Armenien un der Spëtzt vun der Grupp, mat 10 Punkten aus 4 Matcher. Däitschland huet ee Punkt Retard. Nordmazedonien huet 7 Punkten, Rumänien der 6, Island huet der 3 a Liechtenstein der 0.
RTL-News: WM-Qualifikatioun - Lëtzebuerg wënnt mat 2:1 géint den Aserbaidjan
RTL-News: WM-Qualifikatioun - Frankräich an Holland spille gläich, Dänemark gewënnt